Dräi Schoulen aus der Direktioun 11 ënnerstëtzen « Sapins de l’espoir »
D’Schoule vu Bäertref, Bur a Konsdref aus der Direktioun 11 hunn sech och dëst Joer nees zesumme fir d’Aktioun « Sapins de l’espoir » agesat. Mat hirem Engagement hu si dozou bäigedroen, d’Opmierksamkeet op rar Krankheeten ze lenken an d’Hoffnung ze stäerken, datt d’Fuerschung virugedriwwe gëtt an datt Betraffen déi beschtméiglech Hëllef kréien.
Duerch d’Ënnerstëtzung vu villen hëllefsbereete Leit aus der Regioun ass eng imposant Zomm zesummekomm:
6 332 Euro kënnen un d’Fuerschung iwwerwise ginn.
E grousse Merci un all déi, déi dës Initiativ mat hirer Generositéit méiglech gemaach hunn!
-> Instagram Video






